|
|
Johanns Jos |
![]() Ech si 1944 zu Maarnech gebuer, wunnen zu Zolwer an deelweis an der Provence. Ech si Maschinneschlesser vu Formatioun. Ech war an der Industrie an haaptsächlech am Lycée technique als maître d’enseignement technique beschäftegt. An der Pensioun hunn ech ugefaangen, aus alem Handwierksgeschier an aus ausrangéiertem Geschier, Figuren, Skulpturen an esou weider, hierzestellen. Haaptverbindungstechnik ass Schweessen. Zu menge Motive gehéieren: Leit, Koppelen, Gruppen, Déieren, abstrakt Figuren asw. Ech produzéiere Skulpture fir dobannen oder dobaussen opzestellen. Mäi Material staamt aus alem Handwierksgeschier, wéi och vu Metallschrott. Ech probéieren esou wéineg wi méiglech, op kaafte nei Deeler zreckzegreifen. Et läit mir um Häerz, dem ale Geschier e neit Liewen ze schenken an et esou virun der Schrottkëscht ze retten. Zu menger Freed erkenne vill Leit a menge Skulpture Saachen erem , déi si viru laangem kannt hunn, déi awer aus hiren Ae verschwonne waren. Op mengem Internetsite : metall-skulpturen.jimdo.com kann ee nach weider Renseignementer a Fotoe gesinn. |